Déi dräi fräi Platzen goufen vun Alex, vum Bruce an vum Tom besat. Zousätzlech ass den Pit als Coopté engagéiert ginn, vir den Comitéë weider ze ënnerstëtzen. Mir als Comitéë freeën eis op eng gutt Zesummenaarbecht an sinn gespaant op all nei Iddi déi des nei Memberen an den Comitéë eran bréngen.
Een Member vun der Tauchoptioun aus dem LAML war op eiser AG. Den LAML huet säit kuerzem eng Tauchoptioun déi reegelméisseg op Tauchstagen, déi zesummen mam Athénée organiséiert sinn, geet. An dësem Kader gouf diskutéiert wei eng Integratioun mat den Athena Divers méiglech ass.